Jos Tholl

Wahlen 2009

Zur Persoun:

Gebueren zu Woltz am November 1958, hunn ech, bis ech bestued gi sinn, zu Walter (Watrange) gewunnt.

Zu Ischpelt (Tarchamps), Harel a Woltz an d‘Schoul gaang.

Hunn 1977/78 mäin Aide-soignant, deemols nach an der Psychiatrie zu Ettelbreck, gemaach, sinn och do bliwwen a virun zwee Joer mat an den neie Centre Pontalize gewiesselt.

Ech si säit iwwer 25 Joer bestuet, wat haut jo net méi selbstverständlich ass, an hunn zwee Kanner. Säit grad emol zwee Méint sinn ech dann och Grousspapp.

Ech hu vill Hobbyen: Liesen, Molen, Schreiwen, Modelleisebunn, Bastelen, Floumaart a villes méi.

Ech war a sinn op esou munche Plazen engagéiert.

Gewerkschaftlich war ech praktisch 10 Joer an der Syndikatsleedung ‘Gesondheet a Sozialwesen‘ beim OGB-L.

Ech war Grënnungspräsident vun der Lëtzebuerger Aide-Soignant Associatioun an hunn dëser vill Joeren als Präsident gedéngt.

Sozial hunn ech mech als aktive Komiteesmember vun der Amicale aus dem CHNP-EASS bis zu hirer Opléisung fir d‘Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den eelere Bewunner agesat.

De Moment sinn ech an der sozio-kultureller Kommissioun vun der Gemeng Buurschent.

Et muss een net bei all Dëppefest sinn, virun allem fir gesinn ze ginn, awer ech ënnerstëtzen als bezuelende Member déi verschidde Veräiner aus der Gemeng. Nach ni ass a wäert ee mat enger Memberskaart fir säi Veräin bei mir ofgewise ginn. Mäi Motto: Fir eng liewig Gemeng, ënnerstëtz deng Veräiner.

Mäi politischen Engagement huet scho viru méi wéi 5 Joer bei déi Lénk ugefaang.